We were unable to update this podcast for some time now. As a result, the information shown here might be outdated. If you are the owner of the podcast, you can validate that your RSS feed is available and correct.
It looks like this podcast has ended some time ago. This means that no new episodes have been added some time ago. If you're the host of this podcast, you can check whether your RSS file is reachable for podcast clients.
RTL - BD vun der Woch
by RTL Radio LëtzebuergBande Dessinée, Comic, Manga, ... Een ausféierlechen Abléck an eng BD mam Auteur deen se realiséiert huet.
Copyright: CLT-UFA S.A.
Episodes
BD vun der Woch: Le Roi de Paille T.1 - La fille de Pharaon, 31/03/2020 16:15
0s · PublishedBD vun der Woch: Doud vum Albert Uderzo, 24/03/2020 16:15
0s · PublishedDe Moie kuerz no 10 ass d'Nouvelle komm, datt de franséische BDs Zeechner Albert Uderzo gestuerwen ass. Hien hat 92 Joer. Ee Portrait vum Gérard Floener.
BD vun der Woch: Le chanteur perdu, 17/03/2020 16:15
0s · PublishedEnn Februar ass déi neist Bande Dessinée vum Didier Tronchet erauskomm. Eng Bande Dessinée voller Musek, well et geet do ëm ee Museker, deen an de 70er Joeren eng gewëss Popularitéit hat.
BD vun der Woch: Extases T.2 - Les montagnes russes, 10/03/2020 16:20
0s · PublishedNo der Serie "Magasin Général", déi de Jean-Louis Tripp zesumme mam Régis Loisel realiséiert huet, iwwerrascht hie mat enger Autobiographie. "Extases" ass d'Geschicht, wéi den Auteur d'Sexualitéit entdeckt huet, a seng eege Sexualitéit fonnt huet.
BD vun der Woch: Le Triskel volé, 03/03/2020 16:20
0s · PublishedDat éiwegt Spill mat der Konfrontatioun tëscht Gutt a Béis steet och nees am Mëttepunkt vum Spuenier Miguelanxo Prado senger neier Bande Dessinée "Le Triskel volé". Mä net nëmmen. Et geet och ëm ee ganz aktuelle Sujet.
Manga Figuren aus Lëtzebuerg, 25/02/2020 16:20
0s · PublishedMangaen an Animeën ass ee Phänomen, dee sech scho laang net méi nëmmen op Japan limitéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Firma, déi sech drop spezialiséiert huet, Figuren aus deene Comics an Zeechentrickfilmer ze produzéieren. An domat ass si esouguer weltwäit de Leader.
BD vun der Woch: Astérix - Les citations latines expliquées, 18/02/2020 16:20
0s · PublishedDee franséische Ministère vun der Kultur huet 2020 als Joer vun der Bande Dessinée ausgeruff. Domat kritt dee Media offiziell d'Unerkennung als Kultur, anerersäits ënnersträicht déi Aktioun och, wéi gutt d'Bande Dessinée ka profitéiert ginn, fir Friemsproochen ze léieren.
BD vun der Woch: Doud vun der Claire Bretécher, 11/02/2020 16:20
0s · PublishedHaut de Mëtteg ass d'Nouvelle vum Doud vun der Bande Dessinées Zeechnerin Claire Bretécher komm. Si war scho fréi eng vun deenen éischte Fraen, déi Bande Dessinéeë gezeechent hunn.
BD vun der Woch: Pas de pitié pour les indiens, 04/02/2020 16:20
0s · PublishedD'1970er Joren an engem klenge franséischen Duerf vu ronn 400 Awunner. Dat kléngt, wéi wann ee Kand sech do ferm langweile géif. Ma grad de Contraire war de Fall, wéi den Nicolas Dumontheuil a senger neister Bande Dessinée weist.
BD vun der Woch: China Li T.2 - L’Honorable Monsieur Zhang, 28/01/2020 16:20
0s · PublishedAn der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich eng grouss Fräiheet lieft, gëtt hier Heemecht awer brutal iwwerfall. Et ass eng Bande Dessinée, an där fiktiv Personnagen hir Geschicht virun der Kuliss vun historesche Fakten erliewen.
RTL - BD vun der Woch has 100 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 0:00. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on August 12th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on April 21st, 2023 19:08.