Gebraddels a Gesabbels
by Bob a MathisZwee jonk Männer an der Bléivum Liewen, schnëssen iwwert déi alldeeglechan einfach Saachenaus dem Lëtzebuerger Alldag.
Copyright: Bob a Mathis
Episodes
Déi Auserwielten
41m · PublishedDe Bob an de Mathis sinn auserwielt ginn, anscheinend hunn déi do uewe gemierkt, wei wichteg mir si fir eist Land. Ahjo, an d´Thema - Nimm vun Jonk an Al an d´Profilfotoe vu Leit sinn nees ënnert Lupp geholl ginn a villes méi. Eng knackeg lëschteg Episod.
Ham an Noss
50m · PublishedHam an Noss, oder wei een och ka soen: Hamburg an Nouspelt.
Also wann een dës éischt Episod op Distanz kéint beschreiwen, dann als een décke Steen am Schung. Zwee Mol hu mer et probéiert an elo ass et endlech gaang. Mat vill Méi a Gedold aka Invitéeën hu mer et gepackt.
De Bob an de Mathis soen iech Merci fir Är Ënnerstetzung, egal wat dëst Joer nach bréngt, mir loossen iech net am Stach: Weekly Gebraddels a Gesabbels vum Fäinste fir d'Laun ze hiewen.
Better together Kur an de Kinnek Gambrinus
51m · PublishedD'Chrëschtdeeg sinn ëm, de Mathis huet nach ellen Nowéien a bleift dowéinst an dëser Episod beim Waasser a beim Ingwer Shot. Dem Bob geet et awer rëm gutt an hien traut sech schonn un den hellege Gambrinus. Zesumme schnësse sie iwwer Hipsches an Habsches vun den alljärleche Saachen, déi een an dëser Zäit mécht: Kachen, Prosten an de Kevin alleng doheem kucken. Vill Spaass beim Lauschteren.
Een Dëppe voll Glühwäin
47m · PublishedLive aus dem Schapp hat de Bob déi wonnerbar Iddi fir a Chrëschtdags Stëmmung ze kommen.
A wéi geet dat am beschten? Natierlech mat engem Dëppe voll Glühwäin. Vill Spaass bei dëser lëschteger Episod, wou dem Bob säin Ziedel zimmlech kleng war an de Mathis dowéinst wéi gewinnt a richteger Braddel a Sabbel Laun war.
De Schnutz ass ee Muss an de Schnauz ass Standart
41m · PublishedMat enger witzeger Episod starte mir an des Woch, engem geheime Spectateur, engem schnelle Joresréckbléck an der Fro vun de Froen: Wéi war eis Woch?
Äert drëtt Standbeen mam Pascal vu Wooltz
1h 1m · PublishedD’Caféen an d’Restaurante sinn zou an et däerfen der nëmmen 2 aus engem Stot op Besuch kommen. Dat geet duer fir eng Podcast-Episod fir Iech opzehuelen. Fir den éischte Weekend da méi einfach ze maachen, kritt Dir dës Episod aplaz vum Méinden, wéi mir dat geplangt haten, schonn haut. Vill Spaass beim Lauschteren a maacht Iech et kamoud.
Ze vill vun allem
47m · PublishedEt ass Sonnden Owend zu Lëtzebuerg an et gëtt sech z'Iesse bestallt.
De Bob an de Mathis sinn do net anecht, just datt se rausfonnt hunn, datt een dat besser nom "Podcast ophuelen" mécht.
Zwee déck Bäich, een Invité aus der Provence an een aus Éisträich, vill ze vill Froen, vill ze vill schnell. Mä dat kënnt vir, wann ee sech eng Woch net héiert a gesäit, plus déi traureg Erkenntnis datt muer Méinden ass.
Vill Spass beim Lauschtere vun eiser 3ter Episod Gebraddels a Gesabbels.
Et gëtt sech net geschummt
42m · Published3 Mikroen, den éischten Invité aus Irland, wëllen Ourdall an déi neiste Geschichten aus dem Alldag. De Bob an de Mathis huelen um Méinden ären neie liblings Podcast op, des Kéier hoffentlech mat besserem Sound. Merci a kommt gutt aus der Woch!
Vill an ëmmer op déi selwecht Plaz
37m · PublishedDe Bob an de Mathis hunn sech decidéiert, wou lo souwisou bal jiddereen et mécht, hir Conversatiounen vum Staminee an den Internet ze verschiben an zwar a Form vun engem Podcast.
Zwee Kolleegen déi sech treffen an sech froen wisou ass dat esou, vill laachen, sou munch komesch Entdeckunge maachen an deen éischte Podcast an hirem Liewe ophuelen.
Vill Spaass beim lauschteren.
Gebraddels a Gesabbels has 29 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 25:29:55. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 23rd 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on May 28th, 2024 20:40.