Gamer Things cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
podigee.io
1:16:24

It looks like this podcast has ended some time ago. This means that no new episodes have been added some time ago. If you're the host of this podcast, you can check whether your RSS file is reachable for podcast clients.

Gamer Things

by Patrick Junio, Mike Winter, Marc Hermes, Eldoradio

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.

Copyright: Eldoradio

Episodes

Episod 35 - WOW Dragonflight a Callisto Protocol, zwou Iwwerraschungen

1h 22m · Published 07 Dec 07:27
Déi nei Erweiderung fir World of Warcraft ass endlech do, a mir sinn iwwerrascht iwwert dat wat Blizzard hei ofliwwert. Och iwwerrascht si mer iwwert The Callisto Protocol. Wéi eng vun den zwou Iwwerraschungen da lo eng schéin ass, vill gerants iwwer Streaming-Säiten, an de Petz erliichtert sech enges düstere Geheimnis... alles dat a vill méi des Woch an der Sendung. Vill Spaass a good game.

Episod 34 - Warzone 2.0, DMZ an wat gëtt wuel Game of the year 2022?

56m · Published 23 Nov 13:39
Warzone 2.0 ass erauskomm an elo muss natierlech doriwwer geschwat ginn. Dozou hu mir nach fir iech DMZ, Infos zu God of War an et deet sech eppes an der neie WoW Erweiderung.

Episod 33 - Modern Frustfare 2, God of War 2, Plague Tale 2 an PS VR2

1h 16m · Published 09 Nov 07:38
D'Jonge vu Gamer Things schwätzen iwwert hier Hass/Liebe Call of Duty a froen sech wisou een d'Spill awer ëmmer erëm umëcht- dozou kënnt God Of War Ragnarok, A Plague Tale Requiem a Playstation VR2 zu engem Spottpräis!

Episod 32 - SILENT HILL a RESIDENT EVIL Hype fir HALLOWEEN

1h 38m · Published 26 Oct 13:36
Ist die Katze aus dem Haus, tanzen die PC-Mäuse? Gëtt et eng besser Zäit wéi Halloween fir iwwer Horrorspiller a Filmer ze laberen? Mir fannen net. Mat Silent Hill a Resident Evil hunn direkt zwou vun de gréissten Horrorfranchisen am Gaming Presentatiounen iwwert hier Zukunft gehal. Dëst hunn eis Nerds sech natierlech ugekuckt an deele mat Iech hier Iwwerleeungen a Spekulatiounen. Vill Spaass mat dëser Episod, a bis geschwënn.

Episod 31 - Overwatch 2 an maachen Remakes iwwerhaapt Sënn?

1h 19m · Published 19 Oct 09:59
Overwatch 2 ass eraus, mee huet dat Spill déi Nummer 2 am Titel verdéngt? Mir diskutéieren op Remakes iwwerhaapt Sënn maachen. Mir wënschen iech ganz vill Spaass mat dëser Episod!

Episod 30 - LGX, Modern Warfare an Metal:Hellsinger

1h 19m · Published 28 Sep 19:05
D'Jonge vu Gamer Things waren op der LGX! Déi gréissten Gaming Foire vu Lëtzebuerg! Wéi gutt et hinnen do gefall huet, an wat si alles erlieft hunn an och e bësse konstruktiv Kritik fannt der hei an der neier Episod Gamer Things! Natierlech hunn si sech och d'Modern Warfare Beta net entgoen gelooss an iwwert den GTA6 Leak diskutéiert! Lauschtert eran!

Episod 28: Praise The Sun! - Soulsborne Special mat LuxPlay

1h 23m · Published 31 Aug 03:00
LuxPlay huet sech eisem Podcast ugeschloss fir iwwert From Software an hir Soulsborne Rei ze schwätzen. An wat dobäi erauskënnt wann 3 Soulsborne Fans iwwert déi Rei schwätzen, gesitt dir hei bei Gamer Things

Episod 27: Star Wars Serien Special

1h 7m · Published 16 Aug 07:37

Episod 26 - APEX Legends Special - Weapon Tiers, Legend Tiers an Laughing Tears

1h 45m · Published 03 Aug 10:28
Den Marc kéint, wéi ee gesäit, stonnelaang iwwert säin Liblings-Battleroyale - APEX LEGENDS - schwätzen. Dofir huet hien sech mat de Jungs vu Relyon Esports, enger Lëtzebuergescher Esport Ekipp, déi ënnert anerem op der LGX den Apex Turnéier matgespillt huet, zesummegesat, an dat Spill eemol gutt duerch diskutéiert. Wéi eng sinn déi beschte Waffen, wéi eng déi beschte Legends? Dat a Villes méi an dëser Special-Episode!

Gamer Things has 35 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 44:34:02. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 27th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on April 12th, 2024 21:42.

Every Podcast » Podcasts » Gamer Things