Sex-Rollator-Gang
44m
·
Lompekréimer
·
Den Daniel ass zeréck aus der Schwäiz an ass begeeschtert iwwert déi erbaarmungslos Disziplin wat Corona-Mesuren ugeet. Den Mike wollt och goen mee dat kann en sech wuel elo ofschminken, well Lëtzebuerg ab dem 8. März erem als Risikogebitt gellt. Et huet eis déi traureg Noriicht erreecht, dass den Fausti gestuerwen ass. Zudeem gëtt iwwert en riiiiiiiisegen Skandal geschwat. Elektro Mobilitéit, an nohalteg Mobilitéit ass och en Thema. D'Impfcampagne ass an vollen Zich, leider schéngt et een vun der CFL ze sinn, well et leeft alles anescht ewéi ronn.
The episode Sex-Rollator-Gang from the podcast Lompekréimer has a duration of
44:45. It was first published
More episodes from Lompekréimer
Hei gëtt gesabbelt mam Patrick Marques
Influencer aus Lëtzebuerg? Kléngt fir d'Éischt emol verréckt, gëtt et awer. Den Beweis dofir ass eisen Gaascht vun dëser Folge, den Patrick Marques, deen eis ënnert anerem och nach all eenzelen Knachen am Kierper problemlos zum Baschten bréngen kéint. Hien ass nämlech Karateka an der Nationalekipp an huet virun der Pandemie fir Olympia trainéiert.
Hei gëtt gesabbelt mam T the Boss
Wann een vum "T the Boss" schwätzt, verbënnt een domadder oft eng Lëtzebuerger Rap-Legend, déi schonn säit Joerzéngten net méi aus der nationaler Hip-Hop Zeen ewech ze denken ass. Mir hunn mat him an engem labberen Gespréich iwwert Gaming, seng Passioun fir den Fussballclub aus Barcelona, awer natierlech och iwwert Musek geschwat. Ech hoffen iech gefält dat sympathescht Gespréich genau esou gutt ewéi eis.
Octopussy
Wat ass déi beschte Schlofpositioun? Déi erfollegräichsten Mënschen schlofen um Réck, den Daniel net. Ausserdeem sinn Tëntefësch an Tentakelen an der Diskussiounsronn vertrueden (nee keen Fetisch-Talk) an ongewéinlech Fakten iwwert Déieren. Mir kéinten engem T-Rex warscheinlech labber fort lafen, wat den Film Jurassic Park vill manner spektakulär wierken léisst. An zum Schluss ginn et erëm Film-Tipps, stay tuned.
Läichewon
Den Daniel setzt ouni säin Mikro am iwwerraschend vereenten Portugal, an huet sech 1Slip méi agepaakt, am Fall wou eppes an d'Box geet, wien kennt dat net? Alt wéinstens reesen mir net mat enger Läich am Gepäck... Dout sinn ënnert anerem och definitiv d'Fraerechter an der Tierkei, spéitstens nom rezenten Tëschefall mam Ursula von der Leyen.
Hurra, die Schule brennt!
Den CR7 war zu Lëtzebuerg op Besuch an huet just Verwüüstung hannerlooss, dat zumindest am Stade Josy Barthel. Wéi den Folgentitel et vläicht vermudden léisst, gëtt och an dëser Episod erëm mächteg op eisen Bildungssystem geknëppelt. Mir stellen eis och Legitimitéit vum Genderen a Fro, an baséieren eis op en Interview vum Prof. Dr. Richard David Precht géigeniwwer der "Welt".