Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani cover logo

Episode 29: Hypnobalance

27m · Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani · 06 Jan 00:01

D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.

The episode Episode 29: Hypnobalance from the podcast Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani has a duration of 27:06. It was first published 06 Jan 00:01. The cover art and the content belong to their respective owners.

More episodes from Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Episode 36: Mentalfeldtechnik

D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasivTherapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene Wee gemaach a kann haut eng ganz breetgefächert Panoplie vun Therapien ubidden, dorënner och MFT.

Episode 35: Massagen

Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeienetc, ma des Technik déieen als Empfänger "kritt" kann och vill méi déifgoen an ganz anerBlockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriäram Enseignement reorientéiertan proposéierthaut ganzheetlech Massagen aus derganzer Welt déivill méi wäitwei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu Ayurvedeschen Massagen huet siganz villes an hirerHandwierkskëscht an wënnt genee dat un wat grad gebraucht gëtt.

Episode 34: Krafttraining

Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training kann hunn. Lauschtert eran an gidd vun der kräfteger Energie ugestach.

Episode 33: Human Design

Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen. Human Design System baséiert sech op eng Mëschung vun honnertdausend aalen theorien iwwert Chakraen, also Energiepunkten am Kierper, I Gong, Astrologie mee och Quantephysik, Biochimie an Genetik. Gegrënnt gouf et virun 30 Joer an Kanada. Fir äis e bëssi eppes doriwwer ze zielen ass d’Franziska Müller am Studio.

Episode 32: Bioresonnance

Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat elektromagnéiteschen Analyse. Fir äis dat alles méi am Detail ze erklären hunn ech haut den Eric Esch am Studio.