Juuubel cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
podigee.io
26:08

It looks like this podcast has ended some time ago. This means that no new episodes have been added some time ago. If you're the host of this podcast, you can check whether your RSS file is reachable for podcast clients.

Juuubel

by Jules Serrig, David Kayser, Eldoradio

De Serrig an den David hunn elo hiren eegene Podcast an zerwéieren iech hiert Gebraddels elo reegelméisseg, fir deen, deen et wëll, gëtt et schéin. Fir déi et net wëllen, a 25 Minutte si mer duerch... esou an elo maacht iech labber a lass... Juuubel !!!!

Copyright: Eldoradio

Episodes

Episod 34: Bobycar or Bobylegend?

23m · Published 25 Feb 08:50
E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.

Episod 33: Vitaminn D

26m · Published 04 Feb 08:55
De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.

Episod 32: Ma da kna dach!

27m · Published 14 Jan 09:25
De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

Episod 31: a-sozial

25m · Published 09 Dec 23:05
De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.

Episod 30: Vum Soen héieren

24m · Published 23 Nov 10:25
De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.

Episod 29: D’Ee Prozent Episod

24m · Published 22 Oct 06:45
Wat kéint et mat der Ee Prozent Episod vum Serrig an David opsech hunn? Gi geschwënn d’Luuchte vum Handy aus, hu si eng nei Partei gegrënnt a striewen 2023 ee Prozent un oder geet et ëm e Buch? Gitt dëst a villes méi an der neier Episod Juuubel gewuer. Doniewent geet et awer och ëm eng Pizza, e Béier an e Kondom deen ewéi eng Schwammkap ass.

Episod 28: Räismëllech Mëllechräis

26m · Published 30 Sep 22:10
De Serrig an den David si prett fir d’Enn vum Joer, loossen sech hire Räismëllech Mëllechräis awer och net huelen. Doniewent ass den David op der Sich no der Post, de Serrig verréit säin Danzgeheimnis an de Xavier Bettel kritt och seng Plattform an der neister Episod Juuubel.

Episod 27: Frites de Namur

29m · Published 09 Sep 22:10
An der éischter Episod no der Summerpaus beschäftegt de Serrig & David virun allem een Theema, d’Theema vum Summer: dat kackt Wieder zu Lëtzebuerg. Donieft geet et extra op Namur fir déi beschte Fritten aus der Belsch z’iessen, just fir eraus ze fannen, datt déi guer net esou besonnesch sinn. De Serrig erzielt iwwerdeems vu sengem neien Iessensexperiment a senge positive Konsequenzen. Alles dozou, a wat hie mat Lachgas wëlles huet, héiert dir an der neier Episod Juuubel.

Episod 26: Summerfeeling

23m · Published 01 Jul 22:05
De Serrig & David wiere keng gutt Synchronsprénger, do sinn si sech eens. An der neister Juuubel Episod gitt dir iwwerdeems gewuer wien vun deenen Zwee beim Kappsprong wuel éischter mam Bauch opkomme géif. Doriwwer eraus huet dem Serrig seng Impfsaga en Enn. Den Handykomsun, de Feeling vum Summer, deen an der Loft läit an natierlech och d’Fussball Europameeschterschaft si weider Theemen. Lauschter eran, wann dir wësse wëllt wien hir Favoritte sinn.

Episod 25: Smörrebröd

27m · Published 11 Jun 08:10
De Serrig an den David schwätzen iwwert Iesskulturen, den David a säi Fësch, d’Iwwerschwemmungen am Land an ee vu sengem Serrig sengen absolute Liblingsfilmer. Och hir lescht Radiosendung zesummen ass en Theema.

Juuubel has 35 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 15:14:52. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 22nd 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on February 26th, 2024 00:44.

Every Podcast » Podcasts » Juuubel