Juuubel cover logo

Episod 32: Ma da kna dach!

27m · Juuubel · 14 Jan 09:25

De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

The episode Episod 32: Ma da kna dach! from the podcast Juuubel has a duration of 27:27. It was first published 14 Jan 09:25. The cover art and the content belong to their respective owners.

More episodes from Juuubel

Episod 34: Bobycar or Bobylegend?

E Mëttwoch, wou d’Wieder nach gutt war an d’Welt nach an der Rei war hunn de Serrig an den David de Bobycar zelebréiert, engem Mann seng Zänn no 11 Joer erëm fonnt a si schwätzen iwwert d’Vir- an Nodeeler vun enger 4. Schaffdeeg-Woch. Gutt Laun gëtt et och dës Woch erëm am Juubel Podcast mat 2. Härren, déi och um leschte Streihallem eppes Guddes fannen.

Episod 33: Vitaminn D

De Serrig an den David verstreeën an hierer neier Episod Juuubel immens vill Vitaminn D. Doniewent gitt dir gewuer wie vu béide Bluttspender ass a wéi eng Motivatioun dohannert stécht. Vläicht revolutionéiert jo och eng Iddi aus Schweden d’Bluttspenden op der ganzer Welt? De Serrig an David gleewen emol drun. Och erënneren déi zwee sech drun, datt et virun e puer Joer ëm dës Zäit gutt geschneit hat, a si hallef plakeg dobausse souzen. Och gréifen si d’Theema aus der leschter Juuubel Episod op a knaen dëst gutt duerch.

Episod 32: Ma da kna dach!

De Serrig an den David gréifen an der éischter Sendung d’Radio Comeback vum Joer 2021 op. Si schwätzen iwwerdeems iwwert d’Schéinheet vu Lëtzebuerg, déi de Lëtzebuerger oft net gesäit a si verbesseren Ärt Iessverhalen. Manner Verdauungsproblemer mam Doc. Serrig, gëtt et an der neier Episod Juuubel.

Episod 31: a-sozial

De Serrig an David loossen an dëser Episod si kee gutt Hoer um Mount November, deen näischt Guddes huet, oder awer dach? Dir wäert an dëser Episod awer och a Chrëschtdagsstëmmung kommen, dir gitt gewuer, ob si e gréngen Daum hunn an dir léiert dem Serrig säi ganz spezielle grénge Bäifuerer kennen.

Episod 30: Vum Soen héieren

De Serrig an den David hunn d’Vakanz an déi kulinaresch Lännerspezialitéiten thematiséiert. Op Lëtzebuerg bezunn ass et ëm d’Kniddele a seng vill Facette gaangen. Doniewent ass et ëm den éischte Glüwäin vum Joer gaangen an den David wënscht sech eng Bullisbox fir de Wanter.

Every Podcast » Juuubel » Episod 32: Ma da kna dach!