Erklär&Laach cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
anchor.fm
1:04:02

Erklär&Laach

by Baschti, Philippe & Joe

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee dofir eemol d'Woch. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Copyright: Baschti, Philippe & Joe

Episodes

Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

52m · Published 07 Jan 20:59

Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!!

Den Neijoersvirsazënnert de lëtzebuergesche Podcastsstart matElanandenüblechenzwou bis dräiGeschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmerwéinegSpaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awerhëtzeg Diskussiounen, flaachWitzeranabsolut grenzwäerteg Aussoen.
New year, old habits. An domadderhu mireisen Neijoersvirsaz schonn direktfutti gemaach.

Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck

1h 17m · Published 18 Dec 13:48

Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112 unzeruffe vum Joer' (presentéiert vum CGDIS). Kee vun den Nominéierte wollt sech op eiser Gala blécke loossen, mee dat verwonnert lo och net wierklech, oder?

Merry XMAS léif Fësch.

Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer

1h 11m · Published 11 Oct 09:38

Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen.

Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss.

Spéitstens an dëser Folg beweise mir endgülteg, dass eis Mammen an der Schwangerschaft Crack gefëmmt hunn a kommentéiere mat enger Mëschung aus Autismus a geeschteger Absence non-excusée d'Resultater vun den Nationalwalen.

Ep.98: Dem Joe seng Boma ass dem Pippo seng Mamm...

1h 2m · Published 08 Sep 08:16

Wéi all gudde Porno kënnt och dëse Summer iergendwann op en Enn. An dat bedeit, dass mir dräi aus eisen Ecker gekroch kommen (De Joe aus der VIP-Vakanz a Griechenland, de Philippe aus engem geheime Mönch-Meeting an de Kasematten an Baschti vun ënnert engem grousse Steen).

A fir iech nees ënnerduerchschnëttleche Content liwweren, mat Léift op der Hand gemaach, wéi bei der italienescher Nonna. Haut am Mix: Eise Familiestammbam ass anscheinend e Krees, de Joe huet komesch Begéignungen am Bus a mir probéieren eis un der Welt vu muer - Kënschtlech Intelligenz huet et an d'Erklär&Laach gepackt.

Ep.97: Belsch Loving um Walsonndeg

1h 3m · Published 12 Jun 14:56

Mir haten et leider, leider versprach: Nodeems eis belsch Noperen an der leschter Folg kritt hunn, wat hinnen historesch an ethesch zousteet (Frechheeten a Mobbing) wëlle mir an dëser Folg dann eis journalistesch Grondausbildung éieren, an de Sujet och vun der anerer Säit beliichten. Der Belsch also...Komplimenter maachen. Mir sinn sou anescht ginn.


Ep.96: Belsch Bashing um Europadag

50m · Published 10 May 14:09

Wéi gewinnt leien an eisem klenge Kuschelpodcast Normalitéit a komplette Chaos ganz no beieneen.

Sou hu mer och um Europadag eng Folg opgeholl déi tëscht Léift an Haass balancéiert - bëssi wéi de Fred Keup um Drotseel vun der Existenz als Neonazi.

Niewebäi diskutéiere mir natierlech och iwwer d'Kréinung vum Charles III., d'al Praxis vum Duelléieren an de Baschti schwätzt iwwert säin däischtert Geheimnis...

Ep.95: Haut mam GRAND DUC HENRI

57m · Published 04 May 19:54

Et war esou laang an der Maach: Eist Management-Team huet sech an onzielege Sëtzunge mat der Maison du Grand-Duc iwwer Klengegkeeten am Vertrag gestridden, d'Land huet wéinst multipele Krisen ëmmer nees misse vu sengem Staatschef getréischt ginn an awer ass et elo endlech sou wäit...
S.A.R. de Grand Duc Henri, Porteur vum slowakesche wäissen Duebel-Kräiz-Uerden, léisst sech erof fir eise Podcast ze besichen. A mir sinn immens geéiert! Et ass just suboptimal, dass mir nach eng ganz Rei Saachen ënnert eis ze beschwätzen hunn...

 

N.B.: Eis Affekoten hunn eis geroden, fir op dëser Plaz nach emol ze betounen, dass mir e satireschen (an de Wieder vun den Affekoten: iwwerflëssegen) Podcast sinn, dee mat der Realitéit näischt ze dinn huet. Dat Gespréich ass vun enger AI geschriwwe ginn.

Ep.94: Napalm aus Ne(a)pel

1h 5m · Published 25 Apr 15:29

De Pippo ass nees zréck vu sengem spirituelle Retreat! An dofir si mir och nees do.
An et gëtt vill Spannendes ze beschwätzen: déi neisten Hiobsbotschaften aus der AI-Welt, déi wuel legendäersten Hochzäit vun de leschten zwou Wochen, eng Competitioun fir déi dommste Wuertspiller a villes méi.
Mir verspriechen: mat eis vergeet d'Zäit *net* wéi am Fluch.

Ep.93: Akupunktur Abrigado

1h 5m · Published 23 Mar 12:57

Frësch gepresst a just fir iech: Eng nei Folg mat originelle Fake News zum Ursprong vun der Cactus-Dynastie, Amphibien an Social Eating.
Net ze vergiessen natierlech de Merci vun der Woch, an e Sponsor-Message (nee, net vun der Pizzeria Le Special). 
Siiiiiuuu.

Ep.92: Pippo will's wissen

48m · Published 10 Mar 23:04

Wat den Dan Kersch an dem Myriam Cecchetti säi Mëttelfanger fir d'Demokratie sinn, dat si mir fir d'Podcastwelt zu Lëtzebuerg. An deem Sënn luede mir nees an op eng Table Ronde zum Thema 'Pippo's Powerpoint Persiflage'. Raum fir Participatioun ass leider net ageplangt.

Erklär&Laach has 114 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 121:41:19. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 23rd 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on May 6th, 2024 19:11.

Every Podcast » Podcasts » Erklär&Laach