Erklär&Laach
by Baschti, Philippe & JoeZimlech iwwerflëssege Podcast, mee dofir eemol d'Woch. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Copyright: Baschti, Philippe & Joe
Episodes
Ep.81: Squattage um Stau
1h 23m · PublishedMir paken eis siewe Saachen a fuere wéi all gudde Lëtzebuerger rop op de Stau, fir an der Sonn ze gammelen. An iech huele mer natierlech mat!
An dëser Folg dréit sech dann och alles em den Drot zu dem, wat eis zesummenhält: eis Fësch. Mir schaffen eis voll Inbox Stéck fir Stéck of, a ginn op all relevant Evenementer vun der Woch an. Vum Baschti senger Renconter mat enger beandrockender Fra iwwer de Mullenchecka69 bis hin zum 4. Prager Fenstersturz.
Ep.80: Joe's next Topmodel
53m · PublishedWat läit op der Plage a braddelt ganz ondäitlech? Richteg, eng Nuschel.
A wéini ginn U-Booter ënner? Kloer, um Dag vun der oppener Dier.
Dat si just zwee kleng Amuse-Bouchen, déi dech op den Niveau vun eisem Podcast astëmme sollen.
Also behaapt duerno net, et hätt keen dech gewarnt.
De Joe huet iwwregens de Host. Un dir ze entscheeden, ob dat elo eng gutt oder eng schlecht Noriicht ass.
Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar
1h 3m · PublishedVum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt.
Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen.
(Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un [email protected])
Ep.78: Deng Mamm geet Ettel
1h 50m · PublishedHei ass eng XXL-Folg vun eisem Schrottcast. XXL ass iwwregens och d'Gréisst vun denger Mamm hirem Schnitzel, dee si all Moie beim Kaffi wegstaubsaugert. Themen sinn eis Liblingslidder, Twitter, Klischeeën iwwer Jugendlecher, an natierlech dierfen eis 60.000 Rubricken net feelen. 60.000 ass iwwregens och de BMI vun denger Mamm.
Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn
1h 26m · PublishedAm Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet.
D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un.
Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen.
(Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.)
Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn:
Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.
Ep.76: 'Nepal, Capitani & aner Sauereien'
55m · PublishedNeies vum nëmme liicht zougefruere Séi vun der politescher Korrektheet: de Pippo ass frësch zréck aus dem Nepal a bréngt eng Portioun exotesch Wierz mat an de Podcast, de Joe ass mëttlerweil esou wäit ofgehuewen, dass hien selwer Capitani nach net gesinn huet (mir froen hien trotzdeem aus) an de Baschti ass wéi ëmmer sympathesch, buedemstänneg an ouni Effort witzeg, jee, d'gutt Séil vum Podcast.
Zesummen huele mir iech mat op eng weider Audiorees Richtung Verluerenzäitland an nees zréck.
Ep.75: Den Toni Schlesser a säi brennende Pissoir
1h 8m · PublishedKomm mir si mol éierlech, e puer Themen musse mer wegootmen: Ukrain natierlech, Capitani wéinst dem Joe, an *of course* d'Luxfilmfest.
Mee dat garnéiere mer à la Salt Bae mat enger gudder Portioun Dommheet, sou wéi dir et vun eis gewinnt sidd: Onnéideg Business Iddien, dem Tommy Schlesser säin Doppelgänger, a vill flaach Witzer.
Pas de prob.
Ep.74: Capitani oder Erklär&Laach?
1h 12m · PublishedMir sinn zréck aus dem Wanterschlof! Esch2022 bréngt d'Kultur zréck an d'Land, also brauche mir en niddreg-IQ-Géigepart. Dee liwwere mir mat Freed... mir beschwätzen alles vum Netflix-Joe sengem Comeback, dem Baschti sengen RTL-Eskapaden an dem Krich an der Ukrain mat eisem gewinnte 'je ne sais quoi'.
*Je ne sais quoi* steet an deem Kontext fir ongefrot Meenungen an domm Witzer. Business as usual
Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'
59m · PublishedMir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen.
Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer.
De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
Ep.73: 'De finale Féck Dech un 2021'
59m · PublishedMir mellen eis eng leschte Kéier fir dëst Joer aus der Galeblos vun der lëtzebuergescher Podcastszeen.
Mat eisem ganz eegenen, komplett oninforméierte Réckbleck op dat lescht Joer.
De Joe schalt sech als #richboy aus den italieneschen Alpe bäi, de Baschti bréngt nees räichlech Anti-Astellung mat, an de Pippo probéiert déi ganz Saach iergendwéi net ënnergoen ze loossen. Mir halen d'Joer esou op, wéi mer et ugefaangen hunn.
Erklär&Laach has 114 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 121:41:19. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 23rd 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on May 24th, 2024 02:10.