Wou deet et wéi? cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
rtl.lu
0:00

Wou deet et wéi?

by RTL Radio Lëtzebuerg

An dësem Podcast mat HRS schwätzt de Camille Ney mat sengem Co-Host, dem Prof. Dr. Claude Braun, Directeur médical an den Hôpitaux Robert Schuman, mat Dokteren an internationalen Experten iwwer allerlee aktuell Gesondheetsfroen, de Fortschrëtt an der Medezin an an de Soinen am Laf vun der Zäit.

Copyright: CLT-UFA S.A.

Episodes

Thoraxchirurgie, 13/07/2023 00:00

0s · Published 12 Jul 22:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Gilbert Massard a Georges Decker
Wat ass d’chirurgie thoracique? Wat mécht dee Chirurg a wéini a wéi intervenéiert hien ? Des an aner Froën ginn am Podcast behandelt...

Kinésitherapie, 15/06/2023 00:00

0s · Published 14 Jun 22:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat de Kinésitherapeute Steve Dondlinger a Michel Thill

Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services stelle mir de Beruff an d'Aufgabe vum Spidolskiné vir...

Urgencen, 18/05/2023 00:00

0s · Published 17 May 22:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Fabienne Koerperich an Emile Bock

Am neie Podcast “Wou deet et wéi” mat den Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services dréint sech alles ëm d’Urgencen. Wann et séier muss goen, si kloer Käpp gefrot, déi de Stress optimal geréieren – an dat ass grad bei groussem Undrang net ëmmer ganz einfach...

Chirurgie cardiaque, 13/04/2023 00:00

0s · Published 12 Apr 22:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Klaus Kallenbach a Sergei Ceborati

D’Häerzchirurgie gëllt an der Medezin als d’Champions League. Si ass dann och d’Thema an eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play: Wat ass d’Chirurgie cardiaque ? Wéi weess een, dass een e Problem mam Häerz huet? Kann een e puer Häerzkrankheeten a sengem Liewe kréien? Froën iwwer Froën - d'Äntwerte ginn et am Podcast...

ORL, 16/03/2023 00:00

0s · Published 15 Mar 23:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Bianca Kohnen a Pierre Kurt

An eisem neien Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman op RTL-Play geet et ëm den Hals, d’Nues an d‘Oueren: Wat ass en ORL a mat wéi enge Virzeeche soll ee bei en ORL goen? Wéi a mat wat ënnersicht en ORL? Fir wéi eng Interventiounen ass en ORL zoustänneg a wéi behandelt en en déi? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...

Recherche, 16/02/2023 00:00

0s · Published 15 Feb 23:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dr. Victoria El Khoury (LIH) an Dr. Jonathan Cimino (HRS)

Am 17. Episod vum Podcast „Wou deet et wéi?“ mat Santé Services an den Hôpitaux Robert Schuman geet et ëm d‘Recherche: Wat versteet een ënner klinescher Recherche? Wat ass eng Cellule de Recherche? Wat ass d’Roll vun engem Spidol an deem Beräich? Wéi gëtt dat finanzéiert? Gëtt do direkt mat de Patiente geschafft? Froën iwwer Froën – am Podcast ginn et d‘Äntwerten...

Gastroentérologie, 12/01/2023 00:00

0s · Published 11 Jan 23:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Jan Friedrich Krahn a Jacques Blondelot

Wéi eng verschidde Krankheete gi vum Gastroenterolog behandelt? Wéi eng Persounen si méi engem grousse Risiko ausgesat? Wéini soll/muss ee bei e Gastroenterolog a wéi dacks? Ginn et Rotschléi fir d’Preventioun? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...

Chirurgie vasculaire, 22/12/2022 00:00

0s · Published 21 Dec 23:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mat den Doktere Suzanne Honig an Daniel Manzoni

Wat ass d’Gefässchirurgie? Wéi wichteg ass d‘Gefäßsystem? Wat mécht e Gefäßchirurg a wéini gräift hien an? Gëtt eng Behandlung an der Gefäßchirurgie interdisziplinär gemaach? Wa jo, mat wéi enge Fachgebidder? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...

Pharmacie, 24/11/2022 00:00

0s · Published 23 Nov 23:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Anne Otto a Julie Schelinsky

Wéi eng Roll spillt d’Pharmacie an engem Spidol? Muss/soll e Spidol eng Apdikt hunn? Wéi gëtt ee Préparateur en pharmacie hospitalière ? Wat ass d’Roll vun deene Persounen a puncto Medikamenter a Securiséierung vum Circuit ? Si si an direktem Kontakt mam Patient ? Wéi ass de Wee vum Medikament bis bei de Patient? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...

Dermatologie, 13/10/2022 00:00

0s · Published 12 Oct 22:00
De Prof. Dr. Claude Braun an de Camille Ney am Gespréich mam Dokter Patrick Koch

Firwat geet ee bei en Hautdokter a wat mécht deen? Wéi eng Pathologie ginn do behandelt? Sinn eeler Leit méi ufälleg fir Hautkrankheeten? Sinn déi verierflech? Wéini gëtt operéiert a wéi? Wou hält d’Dermatologie op a fänkt déi esthetesch Chirurgie un? Dat sinn nëmmen e puer vun de Froen, op déi et am Podcast Äntwerte ginn...

Wou deet et wéi? has 22 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 0:00. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 28th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on May 21st, 2024 23:47.

More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

Every Podcast » Podcasts » Wou deet et wéi?