RTL - 5vir12 cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
rtl.lu
3:51

RTL - 5vir12

by RTL Radio Lëtzebuerg

Eng Table-Ronde mat Prominenz a Perséinlechkeeten déi mat vill Witz a bëssegem Humor d'Aktualitéit kommentéieren

Copyright: CLT-UFA S.A.

Episodes

5 vir 12: mam Speedmarathon an d'Oktav, 21/04/2024

36m · Published 21 Apr 09:10
Déi 5, déi elo kommen, sinn net bekannt fir hier Seeërcher, Spiichten oder Anekdoten. Si pechen un der Aktualitéit a bleiwen bei de Fakten. 'Fakenews' sinn hinnen en Dar am A. Si kucken awer manner no vir mee éischter zréck, an de Réckspigel a beliichten dat wat war.
Beim Marie Gales gëtt et bestëmmt nees méi wéi een Geeschtesblëtz vum Al Ginter, Tony Tintinger, David Winter an Gérard Valerius.

5 vir 12: Den Hacker Brian, 24/03/2024

36m · Published 24 Mar 10:10
2 Woche leien tëscht der Analyse vun der Aktualitéit vun eiser Ekipp vum 5 vir 12, ma bannent deenen Deeg huet sech nees vill Fudder ugesammelt fir driwwer ze debattéieren an dat mol an en anescht Liicht ze setzen, och wann een do mol ka verblennt ginn. No Ellesonndeg, haut op Pällemsonndeg um Wee fir bei Ouschtersonndeg hunn sech ëm d'Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius versammelt.

5 vir 12: Vun Hénger, an anere Skandaler, 10/03/2024

36m · Published 10 Mar 10:10
Am japaneschen heescht et 'mizaru, kikazaru, iwazaru', dat ass d'Spréchwuert vun den 3 Afen déi näischt héieren, näischt gesinn a näischt soen'. Bei hinnen ass dat just de Contraire, se gesinn alles, héiere souguer Saachen déi soss kee weess, an de Mond hale kënne se schonn guer net. Déi lescht 14 Deeg huet et Skandaler gereent an dovunner kënnen si zieren. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga a Gérard Valerius.

5 vir 12: mam Camper op den Overshoot-Day, 25/02/2024

36m · Published 25 Feb 10:10
Si halen näischt vu Rumeuren a Couloires- oder Béierdeckelsgespréicher. Si hunn hir Informatiounen aus éischter Hand oder bal. Soss gouf ëmmer gesot 'béis Zong behaapten', an elo hunn se e Numm. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.

5 vir 12: Fuesent, 11/02/2024

35m · Published 11 Feb 10:10
Wou dréckt de Schong dann am Moment? Wéi ass et mam Stëmmungsbarometer, wou gëtt et e neie Skandal a wou just e Stuerm am Waasserglas? Si analyséieren a kommentéieren déi lescht 14 Deeg a sinn normalerweis gutt informéiert. Si hunn Aen an an Oueren nees opgespaant fir och nëmmen alles matzekréien. Beim Marie Gales sinn et haut den Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.

5 vir 12 LSC, 28/01/2024

36m · Published 28 Jan 10:10
Op verschidde Saachen do freet ee sech laang, an da sinn se séier eriwwer, an dann gëtt et aner Geschichten, déi een emol net erwaart hat an dann gëtt ee se net méi lass. Vu béidem gouf et och déi lescht 2 Wochen, déi elo nees op eng ganz speziell Fassong resuméiert a kritiséiert ginn. Beim Christiane Kremer, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker a Gérard Valerius weess een ganz séier wat hinnen géint de Stréch gaangen ass, wou hinnen den Hutt héich goung oder wou si sech driwwer gefreet hunn, och ouni eng Zeechnung ze maachen.

5 vir 12: Frites à 100 mètres, 14/01/2024

37m · Published 14 Jan 10:10
Dat neit Joer ass knapps 14 Deeg al, awer déi al Problemer hunn eis schonn nees. Wéi eng Themen hunn déi éischt 2 Wochen schonn fir Opreegung gesuergt, wouriwwer gëtt gesouert, gemeckert a wou ass d'Gejäiz grouss? Eis Experten op dësem Gebitt maachen elo nees eng Stonn en Austausch un Emotiounen an setzen sech mat den opreegenden Sujeten ausenaner. Beim Christiane Kremer sinn et haut de Jacques Kapp, Lucien Czuga, Pascal Becker an de Gérard Valerius.

5 vir 12: Last Silvester, 31/12/2023

37m · Published 31 Dec 10:10
Wat bleift hänken vun 2023? Ëm Hallefnuecht sprange mir vun engem Joer an dat anert, sou änlech wéi vun engem Boot op en anert. Vill Saachen ginn engem duerch de Kapp, déi eng déi laang gedauert hunn a vläicht net sou agreabel waren, an anerer déi just kuerz awer dofir immens schéin waren. Vill Impressiounen hu mer och gedeelt mat Famill, Bekannten, Noperen, dem Land oder der ganzer Welt, an dorobber kënnt d'Marie Gales elo zréck. Bei him sinn den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.

5 vir 12 - Plazverweis, 17/12/2023

36m · Published 17 Dec 10:10
Hinnen entgeet näischt, an all Geleeënheet ass gutt fir d'Feeler vun deenen Aneren breet ze trëppelen. Wien huet wat gesot oder gemaach? Wéi eng Decisiounen goufen geholl wou ee just de Kapp rësele kann a wou sténken d'Lompen zerguttst? 1 Stonn laang huet d'Christiane Kremer elo nees Zäit fir den Tour vun de leschte 14 Deeg ze maachen, a Gesellschaft vum Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Lucien Czuga.

5 vir 12: déi éischt Käerz, 03/12/2023

36m · Published 03 Dec 10:10
Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen, a maachen hirem Ierger Loft. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.

RTL - 5vir12 has 133 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 8:32:43. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 24th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on May 5th, 2024 00:13.

More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

Every Podcast » Podcasts » RTL - 5vir12