RTL - Lecture vun heiheem cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
rtl.lu
0:00

It looks like this podcast has ended some time ago. This means that no new episodes have been added some time ago. If you're the host of this podcast, you can check whether your RSS file is reachable for podcast clients.

RTL - Lecture vun heiheem

by RTL Radio Lëtzebuerg

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

Copyright: CLT-UFA S.A.

Episodes

Vun dëser an anere Welten, 08/12/2022 17:01

0s · Published 08 Dec 16:01
3 Begéignungen op de Walfer Bicherdeeg
De Weekend vun de Walfer Bicherdeeg ass deen idealen Zäitpunkt fir nei Publikatiounen z'entdecken an Auteuren ze begéinen. Dëst Joer war eent vun den Themen den 150ste Gebuertsdag vum Reenert. Fir de ronne Gebuertsdag ass de Reenert nei editéiert ginn, an Zesummenaarbecht tëscht dem SCRIPT an dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dem ZLS. An...dee schlaue Fuuss huet och nach Englesch geléiert! De Jeff Thill, vu Formatioun Engleschprof huet 2 Joer laang un der Iwwersetzung vun eisem Nationalepos geschafft.
Déi englesch Versioun vum Reenert mam Ënnertitel: "The Fox in a Sunday Suit and in Human Shape" ass online ze fannen op www.lux.lu
Speculative Fiction ass en Iwwerbegrëff ënnert dem vill verschidde Genren regroupéiert ginn, vu Science-fiction, Fantasy bis bei Mäerercher. Wat a Saache speculative Fiction hei zu Lëtzebuerg esou geschriwwe gëtt, dat hu mir de Cosimo Suglia an d'Sandy Heep um Stand vun hierer online-Plattform www.anerwelten.lu verrooden.
"Curieuse Ballade" dat ass den Titel vun engem ganz dënne Bichelchen, an dem Prosa a Poesie sech op all Säit géintiwwer stinn. Deem klenge Format vum Buch steet d'Talent vum Auteur Christopher Lumu géintiwwer, deen direkt mat senger éischter Publikatioun op sech opmierksam gemaach huet. Op de Walfer Bicherdeeg konnt ech mech mat him ënnerhalen.
D'Curieuse Ballade vum Chris L. fënnt een an de Bicherbutteker, fir méi Informatiounen kann een och op säi Site www.poesie-bolingo.com kucke goen.

De Guy Helminger iwwer säi Buch "Die schwere Naht der Flüsse, 30/11/2022 16:36

0s · Published 30 Nov 15:36
Am Interview schwätzt den Auteur iwwer seng Rees a Brasilien, awer och iwwer seng aktuell Autoreresidenz zu Istanbul
De Servaispräiss fir säi Roman "Lärm", eng zweet Plaz beim Literaturconcours, de Gustav-Regler Präis vun der Stad Mertzig, oder Lyrikpreis Meran, fir de Guy Helminger goufen et an der Lescht vill Auszeechnungen.
A sengem neie Buch "Die schwere Naht der Flüsse" léisst hien seng Lieser un enger Rees duerch Brasilien deelhuelen. 2019 war hien an dem südamerikanesche Land ënnerwee an huet dobäi déi Plaze besicht déi a kengem Reesguide ze fanne sinn. Dat riisegt Land huet nieft Futtball a Copacabana nach vill aner Facetten. Déi Mënschen deenen de Schrëftsteller op senger Rees begéint ass, repräsentéieren déi enorm Diversitéit an déi krass Géigesätz déi Brasilien ausmaachen.
Momentan ass de Guy Helminger an enger Autoreresidenz an der Tierkei, a war just kuerz fir d'Walfer Bicherdeeg zeréck op Lëtzebuerg komm. Bei dem schroen Attentat zu Istanbul den 13ten November war hien net wäit ewech, just duerch en Zoufall blouf hie verschount. Am Interview erzielt hien wéi e Punkconcert him villäicht d'Liewe gerett huet, an hien deelt seng Andréck aus der Tierkei an aus Brasilien.
"Die schwere Naht der Flüsse" vum Guy Helminger ass bei capybarabooks erauskomm

"Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli, 13/11/2022 18:36

0s · Published 13 Nov 17:36
Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet d'Carla Lucarelli op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.
D'Carla Lucarelli kennt een als Actrice, Theaterregisseurin, Dichterin a Romanschrëftstellerin. Mat hierem Kuerzgeschichteband "Chantiers du désir" steet si op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis. A 15 Kuerzgeschichten déi als Titel all Kéiers de Virnumm vum jeeweilegen Haaptpersonnage droen, rëselt si d'Welt vun hire Protagonisten zolitt duercherneen. Eng Employée déi mat iwwer 50 hir Aarbecht verléiert, e jonkt Meedchen dat déi schéin a manner schéin Säite vun der Léift entdeckt, eng Koppel déi sech agestoe muss, dass eng Relatioun och ze vill perfekt ka sinn, oder eng Journalistin déi ganz onverhofft engem Panther géintiwwersteet. Geschichten déi den Alldag schreift, an anerer déi hannert engem dënne Voile vun Normalitéit eng aner Welt verstoppen oder déi carrément iwwernatierlech Elementer an d'Spill bréngen. Wat se verbënnt ass de Wonsch - an d'Noutwendegkeet - hiert Liewen ëmzebauen, nei ze starten, oder op d'mannst gutt ofzeschléissen. Sou verschidden der Carla Lucarelli hir Personnagen och sinn, all eenzelnen kann iwwerzeegen. De Lieser féiwert mat mam Pit, mam Gisèle, mam Marie oder mam Sandrine, däerf si e kuerzt Stéck op hirem Wee begleeden, ier si wéi spektral Apparitiounen nees an der Däischtert verschwannen.
"Chantiers du désir" vun der Carla Lucarelli ass bei den éditions Phi erauskomm.

Interview mam russeschen Auteur Dmitry Glukhovsky, 01/11/2022 17:30

0s · Published 01 Nov 16:30
De regimekritesche russesche Schrëftsteller a Journalist hëlt an "Geschichten aus der Heimat" déi russesch Gesellschaft ënner d'Lupp.
Mat senger Metro-Trilogie ass den Dmitry Glukhovsky an den 2000er Joren weltwäit bekannt ginn. Seng Romaner, déi an dem onheemlechen Univers vun der Moskauer Metro spillen an deen déi Iwwerliewend sech no enger Katastrof hu missten zeréckzéien fir z’iwwerliewen, hu mat de Rakéiten-Attacken op déi ukrainesch Stied eng ganz nei Bedeitung kritt. Awer och fir de Journalist a Schrëftsteller dee mat senger Kritik um Putin-Regime nach ni hannert dem Bierg gehalen huet, hunn déi lescht Méint villes verännert. A senger russescher Heemecht riskéiert hien wéinst senge kloren Aussoen eng Prisonsstrof a kann deemno net méi zeréck a Russland. A sengem neien Erzielband «Geschichten aus der Heimat» , op Däitsch am Heyne Verlag erauskomm, léisst hie kee brenzelegt Thema aus: vun der Pressefräiheet an dem Ëmgang mat de Medien, iwwert d’Muecht an déi di se ze spiere kréien bis bei déi ominpräsent Korruptioun. «Wat ass mat Russland geschitt?» déi Fro probéiert den Dmitry Glukhovsky ze beäntweren. Ob hie säin Heemechtsland nach eng Kéier als fräit Land erliewe wäert an ob hien et iwwerhaapt jeemools nees ze gesi kritt, dorop weess hien awer keng Äntwert.
Dësen Interview gouf op der Frankfurter Buchmesse 2022 opgeholl

Interview mam Journalist Jo Angerer, 24/10/2022 23:02

0s · Published 24 Oct 21:02
"Wenn Widerstand weiblich ist - Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten" sou heescht en neit Buch vum Jo Angerer
An dëser an der nächster Episode vum Podcast "Lecture vun heiheem" geet et ausnamsweis net ëm Lëtzebuerger Bicher. Och op der Frankfurter Buchmesse koum een dëst Joer net laanscht de Krich an der Ukraine. Vill ukrainesch Schrëftsteller waren op der Plaz, awer och Auteuren a Journalisten déi sech mat der aktueller Situatioun beschäftegen. Een dovunner war den däitsche Journalist Jo Angerer.
De Jo Angerer, Joergang 1956, huet laang Jore fir d’ARD geschafft, an sech do haaptsächlech fir Friddens a Sécherheetspolitik interesséiert. Zënter 2019 lieft a schafft hien als Korrespondent zu Moskau, fir d’éischt fir d’ARD an haut fir d’Zeitung Der Standard. A sengem neie Buch «Wenn Widerstand weiblich ist – Die Revolution der Frauen in den postsowjetischen Staaten» interesséiert hien sech besonnesch fir d’Situatioun vun de Fraen an deene 15 Länner déi nom Zerfall vun der Sowjetunioun entstaane sinn. Am Interview setzt hien d’Gemeinsamkeeten awer och d’Ënnerscheeder tëscht deenen eenzelne Länner an de Kontext, hien erzielt vun enger rezenter Rees an d’Ukraine déi hien déif beréiert huet an hien analyséiert den Impakt deen déi westlech Sanktiounen op dat riisegt Russland hunn.

"De Fléiepëlz - E Lëtzebuerger Orbis Pictus", 15/10/2022 14:48

0s · Published 15 Oct 12:48
Vum Pit Schlechter (Text) a Pit Weyer (Illustratiounen)
En ass a Knouterer, de Pit Schlechter, an a séngem neie Buch kritt méi wéi een säi Fett ewech! An... hien huet e Kompliz! De Grafiker Pit Weyer huet "De Fléiepëlz" illustréiert. E Lëtzebuerger Orbis Pictus, deen als - heiansdo e bësse méi graff - Satir ze verstoen ass.
An eiser Lecture vun heiheem geet et ëm e Buch dat wéinst sengem faarwege Cover kéint mat engem Kannerbuch verwiesselt ginn. Mä opgepasst, de Fléiepëlz huet Zänn, an den Auteur Pit Schlechter bäisst sech gären emol fest! Zum Beipill un der Lëtzebuerger Sprooch, an un deene sëlleche Germanismen déi do heiansdo emol erarutsche kënnen, net nëmmen am Titel vum Buch, mä och an engen Kapitel mat der Iwwerschrëft "Neihéichlëtzeburgesch"
Esou ganz eescht ass dat natierlech net ze huelen...De Pit Schlechter beschäftegt sech vill mat der Lëtzebuerger Sprooch, ënner anerem als fräie Mataarbechter beim LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire. E konnt mir zum Beispill erklären firwat Dat wat mir gemengerhand als eng Schneck kennen, a senger Kandheet "Méckekichelche" genannt gouf...
Vum Méckekichelchen bis Pontius a Pilatus , de Pit Schlechter hëllt kee Blat virun de Mond, an ass och net ëmmer politesch korrekt...dofir awer éierlech! "De Fléiepëlz - e Lëtzebuerger Orbis Pictus" vum Pit Schlechter mat Illustratiounen vum Pit Weyer ass bei Kremart Edition erauskomm.

De Litty 8: Lëtzebuerger Fräiheetslidder 1945-2022, 13/09/2022 15:51

0s · Published 13 Sep 13:51
An eiser Lecture vun heiheem geet et haut emol ëm Musek!
Déi neitsten Ausgab vum Litty, de carnets didactiques vum CEDOM, dréit den Ënnertitel : "Lëtzebuerger Fräiheetslidder 2 -Geschicht a Politik am Lidd". A 17 Lidder gëtt souzesoen d’Lëtzebuerger Geschicht nogezeechent vun 1945 bis haut. Beim Buch ass och eng CD dobäi an et lount sech fir ganz genee op d’Lidd-Texter ze lauschteren déi alleguer vu bekannte Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kabarettiste geschriwwe goufen, zum Beispill vum Guy Rewenig, der Josiane Kartheiser, dem Pir Kremer oder dem Josy Braun.
Verschidde Melodien kommen engem bekannt vir, a souguer de Feierwon krut en neien Text verpasst, wéi mir duerno nach héiere wäerten. Verschidden Themen awer och, deen een oder anere Refrain aus de 70er Joren ass haut nach grad esou aktuell wéi deemols!
Och eng elle Wouerecht kënnt besser eriwwer mat enger schéiner Melodie an nieft den Texter ass natierlech och d’Musek selwer e wichtege Kritère. Wéi eng Recherchen néideg waren, net nëmmen fir d’Lidder erauszesichen, mä och fir se an hieren historeschen a soziale Kontext ze setzen, dat erzielt de Museker a Muskespädagog Georges Urwald am Interview. ausserdeem verréit hien wéi eng aner Projeten an der Maach sinn, a wéi eng Erausfuerderungen entstoe kënnen wann ee Liddtexter aus aneren Epochen méi genee ënnert d’Lupp hëlt.

Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad! (2 nei Bicher), 18/08/2022 08:42

0s · Published 18 Aug 06:42
Wéi mir zënter e puer Woche wëssen, verstoppt sech hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad keen aneren wéi den Nico Helminger
Ënnert béiden Nimm huet den zweefache Servais-Laureat elo all Kéiers en neit Buch erausbruecht: "Von der schönen Erde" ass eng Sammlung vu Skizzen a Fragmenter aus der Fieder vum Tomas Bjørnstad an de Gedichtband "Saumes Kinoplakat" ass vum Nico Helminger. Allebéid sinn se bei den Editions Guy Binsfeld erauskomm.
Am Interview erzielt den Nico Helminger vu skurrilen Erliefnisser an erstaunlechen Zoufäll, ausserdeem geet et, ënner anerem, ëm Walrecht fir Minibaren, iessbar Puzzlestécker an... en aussergewéinlecht Schachspill.

"Tout devait disparaître" vum Jérôme Quiqueret, 09/08/2022 05:26

0s · Published 09 Aug 03:26
D'Geschicht vun engem duebele Mord zu Esch,viru méi wéi 100 Joer.
De Jérôme Quiqueret, Historiker a Journalist, huet dëse Kriminalfall a sengem Buch "Tout devait disparaître" nees opgerullt, an dem Bea Kneip seng Conclusioune verrooden.
De Summer ass bal eriwwer, mir schreiwen de 14te September 1910. Eng Koppel, den Henri an d'Françoise Kayser-Paulus, allebéid iwwer 50, maache sech prett fir schlofen ze goen. Well d'Kaz nach net doheem ass, lossen si d'hënnescht Dir opstoen. Den nächste Moie gi si doud opfonnt, brutal ëmbruecht an hirem Haus an der rue d'Audun zu Esch. Bei Recherche fir e ganz anert Thema ass de Jérôme Quiqueret op dëse Fall gestouss, an et huet dee gebiertegen Nanzeger net méi lassgelooss:
Et geet net nëmmen ëm de Mord u sech, mä och ëm dee sozialen an historesche Kontext, an deem d'Enquête ofleeft. Et sollt Joren daueren bis de Mäerder endlech konnt gepëtzt ginn, ëmmer nees goufen et falsch Pisten op déi de Jérôme Quiqueret och seng Lieser mathëllt.
Et ass kee Roman, och wann d'Geschicht sech mat Momenter esou liest, mä villméi d'Resultat vu jorelaange Recherchen, déi net nëmmen eng historesch Epoque (Esch an der Zäit virum éischte Weltkrich) nees operstoe loossen, mä déi dacks iwwerraschend Paralellen mat der Aktualitéit vun 2022 opweisen.
"Tout devait disparaître - Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" vum Jérôme Quiqueret ass bei Capybarabooks erauskomm.

"Irresistible Blending" vun der Mary Carey, 14/06/2022 22:17

0s · Published 14 Jun 20:17
Den éischte Roman vun der Mary Carey ass eng Mëschung tëscht Science Fiction a Psycho-Thriller
D'Eleonor Adams, e Meedchen aus räichem Haus, ass Molerin a lieft mat hierem Jong Bradley am ländleche Vermont. Déi zwee gehéieren zu enger Sekt, déi vun dem charismateschen Samuel Summer gefouert gëtt. Mä esou richteg engagéiert ass d'Eleonor net, hat ass am léifste fir sech alleng. Besonnesch e puer vun deenen neie Memberen sinn him zerguttst onsympatesch. Iwwerdeems d'Kanner un engem Theaterstéck prouwen, gëtt dat rouegt Liewe vun der isoléierter Communautéit Celestania zolitt duerchgerëselt. Fräsche mat fënnef Been an zwee Käpp si just den Ufank, däischter Wolleken zéien sech iwwer Celestania zesummen.
D'Mary Carey gouf zu Toronto gebuer a lieft zënter méi wéi 30 Joer zu Lëtzebuerg. Am Interview verréit d'Mamm vu véier Kanner, wéi si d'Molerei fir sech entdeckt huet, firwat si trotzdem léiwer mat Wierder molt a wéi en Dram d'Inspiratioun fir hiere Roman war.
"Irresistible Blending" ass bei Blackfountain Press erauskomm, et ass deen éischte Roman vun der Mary Carey.
En Donneschdeg 16te Juni 2022 ass si iwwregens bei der CNL Liesrees mat dobäi. Ënnert dem Titel "Those Worlds that Haunt us" liesen d'Mary Carey, de Percy Lallemang an d'Florence Sunnen am Mierscher Kulturhaus. Ufank ass um 19h30. Weider Detailer ginn et op der Säit vum Mierscher Literaturarchiv oder op der Säit vum Mierscher Kulturhaus

RTL - Lecture vun heiheem has 46 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 0:00. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on August 12th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on March 19th, 2024 07:43.

Every Podcast » Podcasts » RTL - Lecture vun heiheem