RTL - 5vir12 cover logo
RSS Feed Apple Podcasts Overcast Castro Pocket Casts
Luxembourgish
Non-explicit
rtl.lu
4:21

RTL - 5vir12

by RTL Radio Lëtzebuerg

Eng Table-Ronde mat Prominenz a Perséinlechkeeten déi mat vill Witz a bëssegem Humor d'Aktualitéit kommentéieren

Copyright: CLT-UFA S.A.

Episodes

5 vir 12 - Plazverweis, 17/12/2023

36m · Published 17 Dec 10:10
Hinnen entgeet näischt, an all Geleeënheet ass gutt fir d'Feeler vun deenen Aneren breet ze trëppelen. Wien huet wat gesot oder gemaach? Wéi eng Decisiounen goufen geholl wou ee just de Kapp rësele kann a wou sténken d'Lompen zerguttst? 1 Stonn laang huet d'Christiane Kremer elo nees Zäit fir den Tour vun de leschte 14 Deeg ze maachen, a Gesellschaft vum Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Lucien Czuga.

5 vir 12: déi éischt Käerz, 03/12/2023

36m · Published 03 Dec 10:10
Lo gëtt nees d'Aktualitéit vun de leschten 2 Wochen Revue passéiere gelooss. Si sinn gewinnt géint de Stroum ze schwammen, a filteren a siften op wat se stoussen. Déi hei 5 loossen net einfach Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafen, a maachen hirem Ierger Loft. Beim Christiane Kremer sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker an de Gérard Valerius.

5 vir 12 KI, 19/11/2023

36m · Published 19 Nov 10:10
Si sinn net onbedéngt bekannt als déi grouss Diplomaten. Se maachen keng déck Baken mee falen iwwer all déi hier, déi déi lescht Wochen opgefall sinn, oder aus der Roll gefall sinn. Se rieden sech séier an den Äifer, a no hirer leschter Sendung, viru 4 Wochen, ass jo och genuch geschitt an dat muss elo opgeschafft ginn. Beim Christiane Kremer sinn den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.

5 vir 12 ''De Walen no'', 22/10/2023

37m · Published 22 Oct 09:05
Eng Woch virun de Walen souzen déi heiten 5 eng leschte Kéier zesummen an hunn Walprogrammer studéiert an analyséiert. 3 Wochen duerno geet mat Sécherheet vun de Walresultater rieds. Awer alles wat et soss nach un Aktualitéit gouf, fënnt eng Plaz an hirer Mëtt. Hier Stonn ass e Mix aus Staminee a Kaffiskränzchen wou carrement iwwer jiddereen hiergefall gëtt, a se strecken hier Nues an alles wat si näischt ugeet. Beim Marie Gales sinn et haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.

5 vir 12 'Walverspriechen', 01/10/2023

36m · Published 01 Oct 09:05
An enger Woch gëtt gewielt, an da ginn d'Faarwen eventuell nei gemëscht. Dann falen d'Wierfel wien déi nächst 5 Joren d'Geschécker vum Land leet. 60 Plazen gëtt et an der Chamber déi nei ze besetzen sinn, an aus de Muechtverhältnisser schielt sech och eraus wien d'Land regéiert an zum Regierungsconseil zielt, wann de Wielerwëllen respektéiert gëtt. Nach eng Woch dauert also déi spannend Zäit wou all Walverspriechen op den Dësch kommen an an d'Land erausposaunt ginn. Déi neutral Walobservateuren déi dat op hier Manéier analyséieren a kommentéieren sinn haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.

5 vir 12 ''Pippifax'', 17/09/2023

36m · Published 17 Sep 09:05
Si observéieren a kommentéieren, reegelméisseg d'Aktualitéit op hier Manéier bei eis, awer 10 Wochen huet een keen Piipcheswiertchen vun hinne gehéiert. Elo, 3 Wochen ier mir stëmmen ginn, kënnt der hier Stëmmen och elo nees all 14 Deeg hei um Radio héieren fir mat der Lupp op all dat zréck ze kommen wat soss vläicht ënnert den Teppech gekiert gi wier. Beim Christiane Kremer sinn haut de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.

5 vir 12 ''Summergefiller'', 09/07/2023 11:10

0s · Published 09 Jul 09:10
De Franzous schwätzt vun 'bouche-à-oreille' an déi Däitsch vu 'Mund-zu-Mund-Propaganda'. Elo geet et nees eng Stonn ëm Couloirsgespréicher wou awer meeschtens e Fonken Wourecht drun ass. Déi heiten 5 héieren d'Fléi néitschen an d'Gras wuessen, a wat si déi lescht 2 Wochen opgeschnaapt hunn zerwéieren se Iech bis Mëtteg. Mat um Dësch den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Christiane Kremer.

5vir12 - Vum Béier bis bei den Eed, 25/06/2023 11:10

0s · Published 25 Jun 09:10
T'Zopp gëtt ni sou waarm giess, wéi se gekacht gëtt. A wien sech wat agebrockt huet, an wien wat ausläffele muss héiere mer dës Stonn.
2 Wochen no de Gemengewalen an 3 Wochen virun der grousser Vakanz gëtt elo Rapport gemaach, awer och no vir gekuckt. An der Ronn sëtzen haut den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an d'Marie Gales.

5vir12 ''De wëlle Wieler'', 11/06/2023 11:05

0s · Published 11 Jun 09:05
Bis op e puer Gemengen sinn se haut am ganze Land opgeruff fir bei d'Urn ze goen. Nom grousse Casting déi lescht Wochen, ginn elo vum Wieler Neel mat Käpp gemaach, an op Mammendag ginn nei Gemengemammen a -pappen gesicht. Déi heiten 5 wëlle sech d'Fanger net verbrennen an hale sech kleng, wann et ëm de Walzirkus geet. Et gëtt nach genuch ze beschwätzen, wat déi lescht 3 Wochen net ronn gelaf ass. D'Käpp beieneen strecken haut den Al Ginter, Lucien Czuga, Jacques Kapp, Gérard Valerius an d'Marie Gales.

5vir12 ''déi offiziell Walcampagne ass un'', 21/05/2023 11:05

0s · Published 21 May 09:05
An dräi Wochen kréien d'Politiker Zensuren vun de Bierger. Hei bei hinnen an der Ronn gëtt et all zwou Wochen Notten. Mol méi, mol manner gutt, gëtt dann hei iwwer déi Dichteg a Wichteg geschwat, a sech d'Fro gestallt wéi et souwäit komme konnt.  Ronderëm den Dësch, fir iwwer d'Leit hier ze falen, sëtzen beim Christiane Kremer de Jacques Kapp, Pascal Becker, Gérard Valerius an den Tony Tintinger.

RTL - 5vir12 has 135 episodes in total of non- explicit content. Total playtime is 9:47:16. The language of the podcast is Luxembourgish. This podcast has been added on November 24th 2022. It might contain more episodes than the ones shown here. It was last updated on June 2nd, 2024 09:12.

More podcasts from RTL Radio Lëtzebuerg

Every Podcast » Podcasts » RTL - 5vir12